Saturday, August 31, 2019

D’ Haus- a Flouernimm

link




D’Haus- an d’Flouernimm sinn (nieft den Uertschafts- an Stroossenimm) als traditionnellt Orientierungssystem am Raum an ënnert de Mënschen e liewegt Kulturierwen, dat iwert Generatiounen ëwech bis haut virun allem mëndelch iwerliwert gëtt. Haus- a Flouernimm hunn eng grouss kulturhistoresch Bedeitung, wéi och e gesteigerte praktesche Notzwärt fir eng nohalteg Ëntwecklung hei am Land.

Ënnert dem Begrëff Flouernimm sinn déi benannte Platzen ze bezeechnen, déi net als Uertschafts- oder Hausnimm gëllen. Fréier waren dat prinzipiell all net bewunnte Plaatzen, mat dem rasante Bevëlkerungswuestëm ass dat awer net méi sou. Sou fënnt een hautesdasgs vill Flouernimm an neie Stroossennimm, awer och an der Benennung vu Lotissementer an Industriegebidder rem. Fluernimm ginn en Abléck an d’mënschlech Vergangenheet well se gewëss sozio-kulturell Evenementer (Gegiewenheeten?) archivéiren. Se ginn ënner anerem en Abléck an d’Rechts- an Verwaltungsgeschicht vu Lëtzebuerg, sou zum Beispill bei all deGaalgebierger, den Hänkersplatzen, woubäi et eng sou eng Platz pro juristeschen Distrikt gouf, zum zum Beispill zu Esch. D’selwescht ass et mat der administrativer Andeelung vum Land no Bann, enger admistrativ-legaler Eenheet. An de Flouernimm fënnt een dëst och rem, ënnert anerem zu Réiden.

D’Hausnimm sinn fir d’Orientéirung am Duerf wichteg a méi al wéi d‘Strossennimm. Am Réiserbann zum Beispill ginn et ënnert anerem dës Hausnimm: A Jangen, an Déidesch, a Kéifesch, awer och an Hierchen, vun deem dann erëm nees de Flouernumm Hierchesfeld (an der kadasterlecher verdäitschter Form:Herchesfeld) hirstaamt. D’Leit an Hierchens schreiwen sech zwar anescht (féiren zwar een aaneren amtleche Familiennumm), ginn awer am Duerf bei deene vum Stack als een vun Hierchens hire geruff. Hierchens organiséieren zwar keng Eventer um Hierchensfeld, dofir awer Léiffrawëschdag um Gaalgebierg.

Ausserdem verweisen d‘Haus- a Flouernimm op eng Sproochstuf, déi duerchaus méi al ass wéi déi éischt Texter op Lëtzebuergesch. Verschidde Flouernimm ginn zréck bis an d‘Réimerzäit, wéi zum Beispill um Kiem – e Réimerwee - um Kierchbierg. Dës Kiemen, oder Réimerstroossen, sinn gäre méi aal wéi d‘Kierchen hei am Land.

De Gebrauch vun den Haus- a Flouernimm verschaaft esou de Leit e Gefill vun Identiéit an Kontinutéit. Et erméigelecht hinnen d‘Platzen an hirem Liewensraum mam Numm ze nennen an sech doriwer mat aneren ze verstänegen. Et gëlt dofir, all Mensch, deen hei am Land wunnt, schafft, an zirkuléiert, un dësem Kulturierwen deelhuelen ze loossen.

D’Matdeelen vun dësem liewegen Kulturierwen festegt esou de sozialen Zesummenhalt zu Lëtzebuerg, an erméigelecht en neit Erliewen vun der Ëmwelt an enger Logik vun nohalteger Entwécklung: Déi nei Mobilitéit féiert zu enger méi bewosster Orientéierung am ëffentleche Raum. Dëss brauch dann eng verstärkt präzis Benennung, kann awer dofir op Nimm zeréckgräifen, déi schons zënter Generatiounen am Land a Gebrauch sin.

D’Haus- a Flouernimm gin esou haut bei der Benennung vu Strossen, Lotissementer, Quartieren, Industriezonen, Tram- a Bushaltesstellen op eneits genotzt. Duerch eng adequat Analys vun dësem Kuturierwen gin dodernierwt schons am Virfeld vu Bebauungsprojeten potentiell archeologesch Siten identifizéiert, genee esou wéi och Biotopen.

Wann een sech ukuckt, zu waat fir enger populärer Schafensfreed a kultureller Villfältegkeet am ëffentleche Raum d’Haus- an Flouernimm féiere kënnen, esou kann een an hirem Notzen eng Steigerung vun der allgemenger Liewensqualitéit fir all Bedeelegten erkennen.

Dëst liewegt Kulturierwen erméigelecht doriwer eraus en Austausch an Deelen iwert eis national Grenzen eweg, an der Groussregioun, Europa, an der UNO - hei niewent der UNESCO och den United Nations Group of Experts on Geographical Names (UNGEGN).

Hei am Land setzen sech Institutiounen, Fuerscher, Privatleit, Veräiner, a Staats- a Gemengeverwaltungen fir d’Erhaale vun dësem Kulturierwen an.

D’Haus- a Flouernimm sin den 29. Juli 2019 op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwe zu Lëtzebuerg opgeholl ginn.

Linken

Institut Grand-Ducal, Section Linguistique, d’Ethnologie et d’Onomastique
https://igd-leo.lu/

Sam Mersch, Fuerscher iwert Haus- a Flouernimm op der Universitéit Lëtzebuerg
https://www.c2dh.uni.lu/people/sam-mersch

No comments:

Post a Comment